passer au contenu principal passer au menu principal
LB / FR
lock
search

Schoulfest 2025

2025-07-14

Ënnert optimale Bedingungen hu mir den 11. Juli eist Schoulfest gefeiert.

Moies goufe iwwer 40 Ateliere zesumme mat der Maison Relais zum Thema "UNESCO" organiséiert. Et goufe Quize gemaach, Friddenssténg gemoolt an allerlee iwwert déi verschidde Welt Kultur- an Naturiewe geléiert. Natiirlech huet eng gutt Pizza och net dierfe feelen.

Am Nomëtteg stung dunn eist Schoulfest zesumme mat den Elteren am Virdergrond. Hei hu déi 4 Foodtrucks Joslet, Happy Burger, Piadrino a la Crèpe qui roule fir d'Iesse gesuergt. Um Body-Kicker-Tournoi hu sech d'Eltere mat den Enseignante gemooss an d'Kanner hu sech op de Sprangschlässer amuséiert.

Ee grousse Merci geet un all déi, déi gehollef hunn, un d'Gemeng, déi eis ennerstëtzt huet an un d'Foodtrucks, déi eis gutt gekacht hunn.

Iwwerzeegt Iech selwer beim Kucke vun eise Gallerien