Mondorf 2009/2010
Cycle 1
Team Anne Philipp - Fabienne Kersten - Rosalba Donatiello
Moien léif Kanner, léif Elteren, léif Frënn a léif Visiteuren!
Dëst ass d'Homepage vun eiser Klass. Mir sinn zu 29 Kanner an hunn 3 Jofferen:
Andrea, Anna, Carolina, Catherine, Charel, Cheryl, Christian, Davide, Denis, Evan, Jeannot, Jill, Filipe, Finn, Gabryelle, Lara, Loan, Luana, Michèle, Nicolas, Noah, Olivier, Pitt, Rafael, Ruben, Sven, Thomas, Vanessa, Vincent an d'Joffer Anne, d'Joffer Fabienne an d'Joffer Rosalba.
Op dëser Säit kënnt dir gesinn, wat mir an der Schoul maachen, an esou, e bëssen eise Wee duerch de Cycle 1 verfolgen. No a no setze mir ëmmer nei Fotoën, Biller, Texter a Kommentarer an déi eenzel Rubriquen, déi verschidde Momenter an der Klass beliichten. "Eis Wierker" ass eng Art Ausstellung, wou mir iech eng Auswiel u Produkter vun de Kanner weisen. "Bastelbaustell" erzielt iech vun eisem kreative Handelen am Beräich vum Bauen a Bastelen. "Bewegunsbaustell" illustréiert sou wéi mir d'Léieren duerch Bewegung gesinn. "Petit-déjeuner" a "Bësch" gehéieren och zu eise regelméissegen Aktivitéiten. Ënnert "Aktivitéiten" a "Sortiën" fannt dir Aktivitéiten déi souwuel am, wéi och ausserhalb vum Klassesall stattfannen. Dofir:
Kommt reegelméisseg laanscht luussen! A vill Spaass! :-)
|